Äddi a Merci

14. Abrëll 2010

Déi Leit vun iech, déi alt mol muenchmol nach laanscht kucke koumen, wëssen et scho laang: et leeft net méi vill hei op naischtnotz, fir net ze soen, de Site ass doud - zanter iwwert engem Joer goufen et keng Fotoen oder Videoen, d'Proffenzitater si scho laang an d'Archiv verschwonnen, an d'Podcasten loossen och schon all e puer Joer op nei Folge waarden. Wat ech hei maachen, ass also op eng gewëss Art a Weis redundant, mä ech wëll et trotzdem maachen. Well naischtnotz dat verdéngt huet. Während ville Joere wor dëse Site eng Ulafstell fir jiddwereen vun iech, meng Frënn, wou ech eist Liewen opgezeechent hunn. Längst gouf dat vu Facebook iwwerflësseg gemaach, well dee Site et engem erlaabt seng Fotoe selwer eropzelueden. Et goufen och - an dat deet mir muenchmol dach leed - keng grouss Évenementer méi, déi mir zesumme gefeiert hunn: mir sinn op eise Gebuertsdeeg oft net am Land, an eis Freideger am Art Scène gehéieren zanter dem Enn vum Lycée och der Vergangenheet un.

Ech wëll iech op dëser Plaz alleguerte Merci soen. Dir hutt de Site zu deem Erfolleg gemaach, deen e war. An et huet mir enorm Freed bereet, eis gemeinsam Erliewnisser opzezeechnen. De Site wäert online bleiwen, als Archiv - als Memento un eis Zäit als verréckt Teenager, déi d'Welt verstanen an alles haten, wat ee brauch. Elo, wou mer all längst twenty-somethings sinn, hoffen ech, dass naischtnotz eng aner Bedeitung huet: e Fotoalbum, deen eis un déi gutt al Zäit erënnert.

Wien weess, enges Daags gëtt et vläit een anere Site, fir een anere Liewensabschnitt. Bis dohinner hoffen ech, datt eis Frënnschaft och weiderhi bestoe bleiwt, an dass mer alleguerten nach zesummen sinn, fir erëem an eng Kamera ze laachen.

Thierry