3.120

21.05.2008 vum Tom

Ma de Moien um 8:15 Auer heescht et fir e puer Schüler sech nach eng Kéier fir 11 Deeg durchbéissen an alles eraus zehuelen. D’Ofschlossexamen fir den Secondaire an den Secondaire Technique stinn un.

Laut dem Educatiounsministère sinn 3.120 Schülerin a Schüler fir den “examen de fin d’études” ageschriwwen. 1.455 Schüler sinn fir den “examen de fin d’études secondaire” an 926 Schüler fir den “examen de fin d’études secondaire technique” ageschriwwen.
Do dobäi kommen nach déi Léit, déi den “elektoneschen Bac” (genannt e-Bac) maachen.
An da probéieren och nach 716 Schüler een Technikerdiplom zekréien.

Ech well mengen 3.119 Matkämpfer nemmen dat Bescht wenschen an dass se genee déi Punkten kréien, déi se sech erhofft hun/erhoffen.
http://img2.cybercartes.com/cybercartes/ccimg/images_cc/cc_002073.jpg"


Teaser

11.05.2008 vum Tom

Hei ass den kuerzen, ganz kuerzen Teaser fir déi kommend Episoden, déi et ab Juni/Juli op dëser Plaatz wäerten zelauschteren an zekucken ginn…

Bis dohin maacht et gudd oder nach besser!
Tom


“Check daat!” kennt erem!

11.05.2008 vum Tom

Un alleguerten, déi déi sech wonneren firwaat ‘Check daat!’ elo schons zanter Januar net méi aktualiséiert gouf:
Ech stinn momentan a mengem bis ewell wichtegsten Schouljoër an ech hun den Dossier mat den préparéierten Folgen ganz domm, irgendwann teschend November a Februar geläscht gehaat. (Natirlech haat ech ewéi all gudden Computerbenotzer keen Backup gemaach :) ).
Dofir musst der Ierch dann elo nach e puer Wochen gedellegen bis dass et hei erem wéider geet. Dann awer richteg! Eng Summerpaus ewéi d’läscht Joër ass net geplangt an déi éischt Gedanken fir villéicht erem eng speziell Episode zemaachen (ewéi déi vum Harry Potter bspw.) sie bei mir scho present. ;) An mol kucken villéicht packen ech et jo dëst Joër déi “grouss” Summer-Podcast-Episode zemaachen, noo 2 messlongen Versich ass mer dat awer nach en dretten Versuch wäert. :D

Ab dem Summer (ceci dit Juni/Juli) geet et hei also richteg wéider mat Vidcast-Episoden iwwert déi déiersten Haaptstaad vun der Welt, iwwert déi Staat an däer e groussen “Breschnew-Unhänger” déi läscht Joëren regéiert huet, an iwwert déi Staat déi op 14 Inselen gebaut ass. A wéi gesoot nach vill, vill méi…

Dëse Summer wäert interessant ginn!

P.S. Sou an elo setzen ech Ierch nach e klengen Teaser (e ganz klengen awer) zesummen an online an dann geet et erem ab an déi schéin Welt vun den Quanten, de Strahlen, de Photonen a däer ganzer Physikfamill. :)


Check this?!?

12.03.2008 vum Tom

Sou nodeems eppes manner ewéi 1/9tel vu mengen Noolauschterer (=23 vun hinnen), méi oder wéineger direkt, eng international Oplag vun “Check daat!” gefuerdert hun, déi den Titel “Check this!” sollt droen, well ech deenen Léit dann den Podcast “Answer Me This!” firstellen.
Ee Podcast an englescher Sprooch, déi (ewéi den Pa a sengem Blog schon geschriwwen haat) am Dezember zu Lëtzebuerg waaren. De Video dovunner gett et dann hei ze kucken. ;)


Pausen-News #9 (Spezial)

3.01.2008 vum Tom

An der (wahrscheinlech) läschter Episode vun den Pausen-News geet et em e Mann, deen mat e besse Chance an e puer Méint deen aflossreichsten Mann vun der ganzer Welt ass. Vu weem schwätzen ech? Du wees et net?!? Dann musst du dës Episode onbedengt lauschteren. Et geet em méi ewéi nemmen em e Mann, e Liewen, eng Famill, e Land. Et geet em V I L L méi!!


Vill Glëck am néie Joër!

1.01.2008 vum Tom

Ech wenschen all mengen Nolauschterer

Vill Glëck am néie Joër 2008!
Bonne année 2008!
Alles Gute für 2008!
Happy New Year!
Sretna nova godina!

new year


Alle Jahre wieder!?

31.12.2007 vum Tom

Ech komme mer elo esou lues a lues ewéi den Hoppe fir. Ech haat schon d’läscht Joër beplangt eng Silvesterepisode zemaachen, deemols ass et näischt ginn. Fir haut waar ech an der Virbereedung méi wäit, mee well ech déi läscht Deeg un den Video’en vun “Les jeunes mélancoliques” geschafft hun, haat ech keng Zäit méi kritt fir se opzehuelen! :(
Zwou Saachen well ech Ierch awer nach soen (déi hätten sollten an d’Episode kommen :) ) :
1) “American Gladiators” kennt erem! Mat néie Folgen!!
2) Dat wichtegst fir haut: Ech wenschen Ierch all dass der den Owend gudd an dat néit Joër erarutscht!

Bis 2008 dann,
Tom


Schéin Feierdeeg!

24.12.2007 vum Tom

Ech wenschen allen mengen Nolauschterer schéin Chrëschtdeeg!

Als klengen “Cadeau” ass hei en Deel vun der beschter Chrëschtdaagsepisode vun enger TV Sendung, déi ech je gesinn hun (an dat net nemmen well den Josh Groban séngt ;) ). Hei ass awer den Deel, ewou hien d’Lidd “To Where You Are” séngt. Een deen schons eng Kéier enger Persoun huet missten fir emmer Äddi soen, wäert dat Lidd immens fannen!


# 13 - Chrëschtdag 2007!

23.12.2007 vum Tom

Hei ass se dann elo d’Chrëschtdagsepisode vun Check daat!. An dëser Episode maachen ech Ierch op e Film opmierksam, ech ginn 1 direkten an 2 ondirekt Cadeau’en mat op de Wee. Ech erenneren awer och un den franzéischen Sänger Grégory Lemarchal, an soen Ierch ewéi Chrëschtdag an aaneren Länner geféiert gett.
Dëst ass déi längsten Podcastepisode op lëtzebuergesch mat iwwert 1 Stonn!

Musëk:
Podsafe Music Network
* FMG — It Came Upon A Midnight Clear
* Dokken — Santa Claus Is Coming To Town
* Charlie Crowe — O Holy Night (Guitar Inst.)
* Charlie Crowe — Little Drummer Dude
* Geoffrey C. Smith — My Own Merry Christmas
* Allison Crowe — Silent Night
* Jill Parr — O Come All Ye Faithful
* Podsafe for Peace — If Every Day Were Christmas
* Number One Fan — Christmas Is Here
* Bill deRome — Christmas! Of Course!
* Doug Boldt — Angels From The Realms Of Glory
* Little Thom — Have Yourself A Merry Little Christmas

Jamendo
* Giac Juan — Noël (les bûches chantent Noël)


# 12 - Josh Groban!

30.11.2007 vum Tom

D’Phenomäen “Josh Groban” gett an dëser Episod erkläert. Wéi huet seng Karrier ugefaangen an wéini hun d’Léit ugefaangen seng Musek zelauschteren. Deno gett nach e besschen grobesch geschwaat an nach vill méi…

Links:
Josh Groban Offiziell Homepage
Friends of Josh Groban
Josh Groban Fansäit (groussen “Media” Deel)
Lëtzebuergesch Josh Groban Wikipedia Säit
Francis (FrannoBaz) seng YouTube Säit