Archive for December, 2006

Äere Krëschtdaagscadeau vun Check daat! *g*

Sunday, December 24th, 2006

Sou ewei schons e besschen ugekennegt. Kennt der dei Episode 1.5 vun Check daat! lauschteren. D’Episode handelt em den 5611, se ass den 18. November 2006 opgeholl, den eischten Daag nom Schülerstreik.
Just als Informatioun den 5611 ass läschten Dennschten mat den Stemmen vun der CSV-LSAP Majorität ugeholl ginn. E Schrëtt vun der Regierung an déi falsch Richtung…

Vill Spass beim Lauschteren a schein Feierdeeg!

Huet “RTL Television” Check daat! gelauschtert?

Thursday, December 21st, 2006

Wahrscheinlech net, mee et ass schons erstaunlesch. E puer Stonnen nodeems d’Krëschtdaags Episode vun Check daat! online gaangen ass, hun ech um RTL Television dei eischt (ganz) Reklamm zum “Love Actually” (Tatsächlich…Liebe”) gesinn. De Film kennt der dann den 25. Dezember 2006 um 20:15 Auer op RTL Television kucken.

Vill Spass dobäi!

#3 – Krëschtdag Spezial

Tuesday, December 19th, 2006

“Endlech ass et erem esou wäit”, soen die eng, “sinn ech frou wann et eriwwer ass” déi aaner. Dëst ass definitiv eng Episode fir déi déi Krëschtdaag gäeren hun. Se ass voll gepaack mat feierlecher Musék. An dëser Episode ginn et och déi eng oder aaner Viirschléi vu menger Säit an dir gidd schons e bësschen eppes gefuer, ewéi eng Themaen d’nächst Joër sécher eng Episode kréien.

Musik aus dëser Episode:
* Podsafe Music Network
- “If Every Day were Christmas” vun Podsafe for Peace
- “Away in a Manger” vum Mario Ajerio
- “Christmas without you” vum Beatrice Ericsson
- “It’s Christmas time” vum Bree Noble
- “A Harry Potter Christmas” vum Joel Kopischke
- “Homecoming” vum Jon Schmidt
- “Ridin’ West” vum Jon Schmidt
* Garageband

#2 – Endlech!

Sunday, December 10th, 2006

Endlech ass se do déi 2. Episode vun “Check daat!”. Dëste Kéier gi mer vum Bambi fort, da komme bei den (bloen) Hirsch an dann bei den Kleeschen, fir schlussendlech bei den Proffen ze landen.
(Déi Episode # 1.5 konnten ausser 2 Léit keen eroflueden! Just fir dass der den Schluss verstitt. *g* / Dës Episode gouf den 9.12. opgeholl))

Lidder an dëser Episode:
* aus der Garageband
* vun jamendo.com :
- “The Dreamer’s Ouverture” an “Ordinary World” vum J.T. Bruce
- “Goodbies” vum Rob Costlow

VILL SPASS BEIM LAUSCHTEREN!