Archive for April, 2007

Pausen-News #4 (Abrëll 2007)

Monday, April 30th, 2007

Dëse Mount kommen d’Noorichten aus Lëtzebuerg, Frankräich, Groussbritannien an e groussen Sportsdeel ass ebenfalls mat dobäi.

P.S. Nodeems ech d’Episode opgeholl hun, ass mer obgefall dass den 5. an 6. Juli 2007 an der Rockhal den Red Rock Festival ass, mat e.a. Kaiser Chief, Faithless, Placebo, Keane a villen aaneren. Informationen et ginn op rockhal.lu.

Presidentielle 2007 – Premier Tour

Sunday, April 22nd, 2007

Voilà, well ech net dozou komm sinn fir eng Episode iwwert d’Presidentiellen ze maachen, kritt der dann awer elo hei déi éischt Héischrechnung: (Et ass elo 20:15 Auer CET)
Am 2. Tour wäerten sech den Nicolas Sarkozy an d’Ségolène Royal géigeniwwer stoen! Dëst ass virun e puer Minutten erauskomm. Den Sarkozy gewennt demno den éischten Tour mat (momentan) eppes méi ewéi 30 % virum Royal mat 26 %.

Presidentielle 2007 - 2 candidats

Op der 3. Plaatz ass den Bayrou mat 18 % , deen awer nach kann op eng Bedeelegung, mam Royal zesummen, am 2. Tour hoffen (Gespréicher dozou goufen et zenter läschtem Sonnden). Iwwerraschend ofgeschloen ass den Kanidat vum FN, den Jean-Marie Le Pen. Den rietsextremen Politiker, deen virun 5 Joër nach an den 2. Tour komm ass, kennt dëst Kéier mat 11 % nemmen op déi 4. Plaatz!

Pausen-News #3 (März 2007)

Sunday, April 1st, 2007

Dëse Mount ginn et Noorichten aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Russland, den USA an aus der Sportswelt.