Archive for May, 2007

Bonne chance!

Friday, May 18th, 2007

“Check daat!” an d’”Pausen-News wënschen allen 1ère, 13ième Schüler Bonne Chance fir hier Examen. Natiirlech gelt dëst och fir alleguerten déi déi dëst Joër en CATP welle kréien!

Bonnce chance!

NEWS ALERT! Police: “We have not enough evidence

Thursday, May 17th, 2007

Déi portugiesesch Police huet dann elo hier Pressekonferenz ofgehaalen. D’Haaptnooricht war ewuel, dass d’Police net genug Beweiser huet fir “anyone” zehaftéieren.
Aaner Nouvellen gouf et vun der Police praktesch guer net. Et ass emmer erem widerholl ginn, dass se giffen hiert d’Bescht maachen an dass et momentan just 1 Verdächdegen gett. Teschend den Zeilen konnt een awer liesen, dass ewuel d’Zuel vun den “Suspects” an deenen nächste Stonnen giff klammen.

14 Deeg noom verschwannen vum Madeleine, hun seng Elteren nach eng Kéier alle Léit Merci gesoot. D’Reaktiounen aus der Öffentlechkeet giffen hinnen immens vill Stäerkt ginn. Sie hunn dann och nach eng Kéier déi portugiesesch an déi britesch Medien geluewt an hunn gläichzäiteg d’Medien vun aaneren Länner obgefuerdert iwwert d’Maddie zeberichten. Um Internetsite Find Madeleine kann jiddereen eng Nooricht un d’Famill schecken, entweder öffentlech oder secret.

NEWS ALERT! D’Police huet eng Spuer!

Thursday, May 17th, 2007

Enger portugisescher Zeitung no huet d’Police am Fall Madeleine McCann elo eng Spur. D’Police sicht momentan no engem rouden Van mat engem falschen Plackeschëld. Den Auto soll sech zu Lisabon obhaalen, an ,laut der Zeitung, soll an dem Van en Meedchen setzen waat esou ausgesäit ewéi d’Maddie.

Geschter Owend während der Halbzeit vun der UEFA-Coupe Finall teschend Esp. Barcelona an Sevilla (Sevilla huet no Ellefmeter schéissen gewonnen) ass en 2-minutegen Clip vum Madeleine laafe geloos. Als Hannergrond ass d’Lidd “Don’t forget about me” gelaaf. D’Léit hun während dem Clip applaudéiert.

Haut den Owend ass dann elo an ronn enger hallefer Stonn (also 19 Auer CET) eng Pressekonferenz vun der portugiesescher Police geplangt.

UEFA Coupe Finall
E Bild vun gescht Owend

Wann Dir irgentwelch Idee’en hudd, ewéi een d’Kampagne “Bring Madeleine Home” kann verbesseren, dann scheck w.e.g. eng E-Mail un campaign@bringmadeleinehome.com (Opgepasst dir musst natiirlech op Englesch schréiwen)

NEWS ALERT! “Give her back! She is not yours!” – Madeleine’s aunt

Wednesday, May 16th, 2007

Et deet sech eppes em d’Verschwannnen vum Madeleine McCann. D’Police huet een Haaptverdächtegen, een 33 Joër aale Brit, deen zu Praia da Luz liewt, virun e puer Deeg 19 Stonnen laang verhéiert, gläichzeiteg huet d’Police en Portugies an eng däitsch Fra verhéiert. Déi 2 läischt Persounen ginn als “Witness” vun der portugiesescher Police agestuuft.
Den néien Prime Minister Gordon Brown huet der Famill McCann seng Helléf ugebueden. Hien soot, dass hien alles waat an senger Muecht giff stoen maachen, fir dass dat 4 Joër aalt Meedchen erem heem kennt.
D’Police huet dann elo virun e puer Minutten d’Haus vun engem Computerspezialist , deen als Sergey Malinka genannt gett, duerchsicht. Hien soll dem Härr Murat (Haaptverdächtegen) seng Website konfiguréiert hun. D’Police huet enner aanerem en Laptop an en Hard Drive matgeholl.
Um 16:30 Auer (CET) ass dann den “Madeleine Fund” gegrennt ginn. Elo ass et méiglech Suen zeiwwerweisen, wann een aktiv well mathellefen. Den Fond huet als Ziel sech och an der Zukunft em d’Familien vun verschwonnenen Kanner zekemmeren.

Weider Informationen iwwert den Madeleine Fund ginn et hei.

Hei ass dann déi läschte Foto vum Madeleine. Um Poster steet dann drop “Look into my eyes”. Why? Kuckt selwer.

Look into my eyes!

‘Pausen-News’ – BREAKING NEWS!: Find Maddie!

Saturday, May 12th, 2007

Madeleine
Dëst ass eng Foto vum Madeleine

Deen een oder aaneren huet et villäischt schons matkritt, virun extakt 9 Deeg gouf a Portugal en (zudeem Zäitpunkt 3 Joër aalt) britescht Meedchen entfouert. Haut um 12. Mee feiert d’Madeleine seng 4 Joër an dat net mat sengen Elteren. Nodeems déi portugiesesch Police gescht eng ganz Réi vun Truppen ofgezunn huet, sinn e.a. den David Beckham, John Terry an Christiano Ronaldo virun d’Press gaangen an hun alleguerten d’Léit obgefuerdert nach besser hinzekucken an alles der Police zemellen. Léit vun iwwerall aus der ganzer Welt (e.a. USA, Frankräich, Südafrika, Japan etc.) hun haut symbolescherweis dem Maddie e Cadeau gemaach. An sengem Heemeschtsduerf kann nämlesch jiddereen op enger öffentlecher Plaatz e Cadeau fir dat jonkt Meedchen ofginn. D’Aktioun, déi e grousse Succès bis ewell kennt, ass awer wuel nemmen e ganz klengen Trouscht fir d’Famill vum Madeleine.

Ech bieden Ierch all, alleguerten d’Noolauschterer vun ‘Check daat!’ an den ‘Pausen-News’, eng Nooricht un all äer Frenn zeschecken, wann der e Blog hutt schréiwt eppes iwwert d’Maddie, wann der a Forumen aktiv sidd, benotzt als Sig eng vu ville “Missing Banner” vum Madeleine.
Loost d’Hoffnung erréicht als läscht stierwen. Loost eis all hellefen, fir dass d’Maddie geschwenn erem doheem ass. Merci!

Weider Links: Sky News ; BBC News ; Yorkshire Today ; Find Maddie!

“Gidd der Hoffnung eng Chance”

Saturday, May 5th, 2007

Haut ass et erem esouwäit. Den RTL an RTL TVI hun d’Belge an Lëtzebuerg erem fir den Télévie 2007 mobiliséiert.
Zum Zäitpunkt ewou déi lëtzebuergesch Haaptsendung eriwwer ass (21:30 Auer CET), stinn schons 1.232.877 € um lëtzebuergeschen Compteur, d.h. momentan feelen nach eng ronn 200.000 € an dann hun d’Lëtzebuerger hieren Rekord vum läschten Joër agestallt.

Téléfonsnummer fir d’Promessen ofzeginn ass den 80 02 66 66 .

Gidd der Hoffnung eng Chance, maacht mat beim Télévie!