Archive for June, 2007

Pausen-News #5 (Nationalfeierdag)

Saturday, June 23rd, 2007

Haut geet et em den Nationalfeierdaag. E puer Gedanken an eng e besschen méi schnell Hemescht.

#8 – David Guetta

Saturday, June 16th, 2007

An der aachter Episod vun Check daat! geet et em den ewuel bekanntesten franséischen DJ, den David Guetta. Hien war d’leschte Mount an der Rockhal an säin neien Album kennt en Méinden offiziell eraus. Check daat! kuckt zeréck, mee natiirlech och no fir.

Lidder kommen aus dem Podsafe Music Network.

Links:
dem David Guetta säin Blog
Pop Life (Medley)
Love is Gone (Music Video)

#7 – Et gett méi schlemm

Wednesday, June 13th, 2007

Sou no Wochen, jo esouguer Méinten OUNI eng richteg Check daat! Episod ass et haut endlech erem esou wäit.
An dëser Episode regen ech mech iwwert en néien Gesetzesproject op, deen alt erem kloër géint d’Jugend geriicht ass. Ech haat den Project de loi 5622 schons an den Pausen-News erweent an domatter ass dëst Thema dann och dat éischt waat et aus den Pausen-News eraus geschafft huet.

Waat ass den Project de loi 5622? Waat mecht en? Ween attackéiert en? Firwaat gett näischt ennerholl? An wou stéieren mer mat eiser Schoulpolitik hin? Dëst an nach vill aaner Froen gritt der an dëser Podcast Episode beäntwert.

Musék aus der GarageBand, der Extra-CD vun iCreate an aus dem Podsafe Music Network.