An dëser Pausen-News Episod geet et natiirlech em den Doping am Tour an em d’Héichwaasser an England. Alles Wichteges wat am Mount geschidd ass, laang erkläert oder kuerz erwähnt, esou kann een ewuel d’Episod vun dësem Mount résuméieren.
Archive for July, 2007
Pausen-News #6 (Juli 2007)
Thursday, July 26th, 2007#10 – Season Finale (Deel 2)
Friday, July 20th, 2007Am zweeten Deel vun der grousser Season Finale vun Check daat! geet et em dat 7. Buch vum bekannten Bouf vum JK Rowling. D’Buch, dat “Harry Potter and the Deathly Hallows” heescht, kennt ma offiziell eraus an haut kriss du schons all déi wichteg Informatiounen iwwert dat Buch.
P.S. An der Librairie Ernster an der Belle Etoile start den Verkaaf ma um 7 Auer! Dës Episode ass och mat bal 53 (!) Minutten déi bis ewell längsten Episode an eng vun deenen längsten Podcastepisoden op lëtzebuergesch!
Ech wënschen Ierch all eng schéin an erhuelsam Summervakanz.
#9 – Season Finale (Deel 1)
Wednesday, July 18th, 2007An der grousser Season-Finale vun Check daat! ginn et 2 Néiheeten. Eischtens et ginn 2 Deeler an zweetens ech sinn net esou aleng am Studio. Ween ass mat derbäi? Waat ass den Grond vun 2 Deeler? All dës Saachen gidd der an der Episode gewuer an natiirlech nach vill vill méi. Eent ass kloër wann Check daat! sech an d’Summerpaus verabschiedet dann awer richteg!!!
D’Season-Finale geet natiirlech em den Harry Potter and the Order of the Phoenix.


