Archive for August, 2007

Eiren-Staatsminister Thorn ass begruewen ginn

Thursday, August 30th, 2007

Haut ass den Gaston Thorn, deen en Sonnden am Alter vun 78 Joër verstuerwen waar, begruewen ginn. Um 15:30 Auer waar dunn eng Trauermass an der Kathedral, bei der national an international Autoritéiten dobäi waaren ewéi och e puer Léit aus dem Vollek.

Lëtzebuerg huet domatter sengem ewuel gréissten liberalen Politiker, Minister an Staatsminster fir d’läschte Kéier Äddi gesoot. Den Gaston Thorn waar teschend 1974 an 1979 Staatsminster an ass 1975 zum 30. President vun der UNO Vollversammlung gewielt ginn. Hien ass domatter deen bis ewell eenzegen Lëtzebuerger deem deen Exploit gelongen ass!

Check daat! schwätzt der Famill Thorn genee esou ewéi den Frenn an Bekannten vum Gaston Thorn säin Bäileed aus.

Gaston Thorn
Gaston Thorn (1928- 2007)

Pausen-News #7 (August 2007)

Saturday, August 4th, 2007

Sinn 2 Kannerentféierer gläich zu Lëtzebuerg? Meiglech ass et, firwaat? Lauschtert emol eran an déi läscht Pausen-News Episode virun der Summerpaus an dir gidd et gewuer!

W.E.G. Verzeit mer et dass den Audio dëst Kéier net esou gudd ass. Et goufen e puer Problemer! ;)

Biller kommen vun Sky News an der offizieller Säit.