Ma de Moien um 8:15 Auer heescht et fir e puer Schüler sech nach eng Kéier fir 11 Deeg durchbéissen an alles eraus zehuelen. D’Ofschlossexamen fir den Secondaire an den Secondaire Technique stinn un.
Laut dem Educatiounsministère sinn 3.120 Schülerin a Schüler fir den “examen de fin d’études” ageschriwwen. 1.455 Schüler sinn fir den “examen de fin d’études secondaire” an 926 Schüler fir den “examen de fin d’études secondaire technique” ageschriwwen.
Do dobäi kommen nach déi Léit, déi den “elektoneschen Bac” (genannt e-Bac) maachen.
An da probéieren och nach 716 Schüler een Technikerdiplom zekréien.
Ech well mengen 3.119 Matkämpfer nemmen dat Bescht wenschen an dass se genee déi Punkten kréien, déi se sech erhofft hun/erhoffen.



