Archive for August, 2008

# 15 – München!

Monday, August 11th, 2008

Sou nodeems et déi läschte Kéier déi passend Musëk fir an d’Vakanz gouf, wéissen ech iech dann haut déi éischt Staat fir dëse Summer. Et ass déi vum “Breschnew-Unhänger”, mee ween dat ass gidd erréicht um Enn vun deser Episode gewuer. Elo léet iech zereck a genéisst während deenen nächsten Minutten Biller aus der Landeshaaptstaat vum “Freistaat Bayern”.

China ass prett!

Friday, August 8th, 2008

No méintenlaangem “Botzen” vun den chineseschen Autoritéiten:

ass China dann elo endlech prett fir d’olympesch Spiller. Déi huet sech dat Land jo richteg duerch seng grouss Verännerung, déi et an der Menschenrechtspolitik bspw. an deenen läschte Joëren gemaach huet, richteg verdengt. (Ironie!)

Also dann… “mögen die Spiele beginnen”: