#7 – Et gett méi schlemm

Sou no Wochen, jo esouguer Méinten OUNI eng richteg Check daat! Episod ass et haut endlech erem esou wäit.
An dëser Episode regen ech mech iwwert en néien Gesetzesproject op, deen alt erem kloër géint d’Jugend geriicht ass. Ech haat den Project de loi 5622 schons an den Pausen-News erweent an domatter ass dëst Thema dann och dat éischt waat et aus den Pausen-News eraus geschafft huet.

Waat ass den Project de loi 5622? Waat mecht en? Ween attackéiert en? Firwaat gett näischt ennerholl? An wou stéieren mer mat eiser Schoulpolitik hin? Dëst an nach vill aaner Froen gritt der an dëser Podcast Episode beäntwert.

Musék aus der GarageBand, der Extra-CD vun iCreate an aus dem Podsafe Music Network.

5 Responses to “#7 – Et gett méi schlemm”

  1. Yann Koenig says:

    Majo deen doten Projet de loi haat och schon heisch wellen bei eis am Schülercomitée geschloen opwuel verschidden vun eisen Memberen mengen dass mir neischt missten maan vuque dass mer net betraff sinn well mir jo eng Technique an net Technicien sectioun wieren fannen ech eben grad dass mer eis sollen wieren op et lo em eis geet oder net, well all Schüler ass indirekt dervunner betraff, mir mussen der Politik weisen dass se net alles kennen mat den Jonken maan waat se wellen well dei sach mamm 5611 war jo schon kläglech gescheitert, an dann deen Projet och nach 5622 ze nennen ass jo schon Provokatioun puer! Ech soen nemmen eppes: Op Barrikaden!

  2. Tom says:

    Jo den 5622 huet bei mir an der Classe (ebenfalls Technique) bei e puer just zu “Roserei” gefouert. (Dat waaren déi déi Geschwester hun, déi een Technicien maachen). Bei deenen aaneren war et éischter roueg. :/
    D’Unel huet et jo fäerdeg bruecht an der läschter Woch virun der Summervakanz (!) mat Ziedelen zekommen, ewou dunn drop stung, dass et elo giff knuppen. E besschen komesch, well den Projet de loi 5622 gouf schons Een d’läscht Joër diskutéiert an am Ufank vun dësem Joër gung et dunn officiell ob den Instanzenwee. Mee bon, secher ass dass den 5622 net dirf duerchgoen. Obwuel ech glëwen, dass en daat wäert maachen. Den 5611 (deen jo elo gläich a Kraaft trëtt) waar ewuel just den Ufank vun enger grousser Attack vun der CSV-LSAP Majorität op déi Jugendlech…

  3. Yann Koenig says:

    Tjo verstinn och net weisou Unel do soulang geschlof huet… well soumols mir am Comité kruten am endeffekt just den gesetzesprojet an dann nach Kopien vun Artikelen aus dem Tageblöd wou den Norri Jacobs sech driwer opreescht! Mee lo eppes wirkleches ennerhuelen deet keen!

  4. Tom says:

    Do hues de recht. Mee souwisou wäerten sech nach vill Jonker wonneren, wann den 5611 elo a Kraaft trëtt. Zumols déi déi net gestreikt hun, well den Häerr Biltgen sech jo bereet erklärt huet, de Jonken den 5611 ze “erklären”, wäerten sech ewuel staark iirgeren. Wann se zum Beispill elo emol einfach esou sans cause vun hierem Patron entloos ginn. D’Franzousen déi hun sech géint esou eppes gewiert, d’Lëtzebuerger Jugend vertraut dem guten Häerr Juncker, deen net nemmen gesoot huet, dass déi Jugendlech faul sinn, mee hien mech och am grousse Ganzen näischt fir sie. An bei deenen nächste Waalen heescht et bestemmt erem “Jonker wielen Juncker”, esou een Choix vun deenen Jonken kéinnt ewuel fatal sinn. Dann geet secherlech déi ganz (scho baal) Hexejuegt op d’Jugend weider.

  5. [...] Laut dem Educatiounsministère sinn 3.120 Schülerin a Schüler fir den “examen de fin d’études” ageschriwwen. 1.455 Schüler sinn fir den “examen de fin d’études secondaire” an 926 Schüler fir den “examen de fin d’études secondaire technique” ageschriwwen. Do dobäi kommen nach déi Léit, déi den “elektoneschen Bac” (genannt e-Bac) maachen. An da probéieren och nach 716 Schüler een Technikerdiplom zekréien. [...]

Leave a Reply