“Check daat!” kennt erem!

Un alleguerten, déi déi sech wonneren firwaat ‘Check daat!’ elo schons zanter Januar net méi aktualiséiert gouf:
Ech stinn momentan a mengem bis ewell wichtegsten Schouljoër an ech hun den Dossier mat den préparéierten Folgen ganz domm, irgendwann teschend November a Februar geläscht gehaat. (Natirlech haat ech ewéi all gudden Computerbenotzer keen Backup gemaach :) ).
Dofir musst der Ierch dann elo nach e puer Wochen gedellegen bis dass et hei erem wéider geet. Dann awer richteg! Eng Summerpaus ewéi d’läscht Joër ass net geplangt an déi éischt Gedanken fir villéicht erem eng speziell Episode zemaachen (ewéi déi vum Harry Potter bspw.) sie bei mir scho present. ;) An mol kucken villéicht packen ech et jo dëst Joër déi “grouss” Summer-Podcast-Episode zemaachen, noo 2 messlongen Versich ass mer dat awer nach en dretten Versuch wäert. :D

Ab dem Summer (ceci dit Juni/Juli) geet et hei also richteg wéider mat Vidcast-Episoden iwwert déi déiersten Haaptstaad vun der Welt, iwwert déi Staat an däer e groussen “Breschnew-Unhänger” déi läscht Joëren regéiert huet, an iwwert déi Staat déi op 14 Inselen gebaut ass. A wéi gesoot nach vill, vill méi…

Dëse Summer wäert interessant ginn!

P.S. Sou an elo setzen ech Ierch nach e klengen Teaser (e ganz klengen awer) zesummen an online an dann geet et erem ab an déi schéin Welt vun den Quanten, de Strahlen, de Photonen a däer ganzer Physikfamill. :)

Leave a Reply