Sou nodeems et déi läschte Kéier déi passend Musëk fir an d’Vakanz gouf, wéissen ech iech dann haut déi éischt Staat fir dëse Summer. Et ass déi vum “Breschnew-Unhänger”, mee ween dat ass gidd erréicht um Enn vun deser Episode gewuer. Elo léet iech zereck a genéisst während deenen nächsten Minutten Biller aus der Landeshaaptstaat vum “Freistaat Bayern”.



Gefällt mer am grousse Ganzen. Wisou hunn ech nach ni ee Starbucks do gesinn? Ass dee nei (also relativ gesinn, war jo schon eng Zäitchen nemmi do).
Puer kreativ Saachen:
- Ech hätt een anert Lidd geholl, a net eng zweete Kéier dat selwecht, dat huet et wéi eng Widderhuelung wierke gelooss, a net wéi wann et géing weidergoen.
- Bei de Limousinen hätt et besser gewierkt, wann déi nächst Szen vu lénks komm wier a net vu riets, well d’Aan vum Zuschauer an déi Richtung gezunn gett an et vu lénks zevill abrupt wierkt.
- Kanns de lo zwar net méi änneren, mee Fauschtregel ass vu lénks no riets filmen, well eist Gehier (durch Liesen a Schreiwen) un déi Richtung gewinnt ass an d’Informatiounen besser ophuelen kann. Ginn natirlech Ausnahmefäll, mee zum Beispill wous de vun Dior riwwer op Cartier gaangen bass, wier emgedréit besser gewiecht (bei nemmen Biller kann een et à la rigueur jo och nach beim Schneiden änneren, wann Toun mat drop ass, ass scho mi blöd).
Puer technesch Saachen:
- Am iTunes geet bei mir keen Toun (am QuickTime geet et komëscherweis).
- Fro mech iers de dee nächste Video online setz, ech erklären der mol wéi dat mam Konvertéiren richteg geet (nix iSquint!), dann ass d’Qualitéit mol besser
En Hiweis:
Ech hunn d’Bild vum Downloads geännert, dass “M4V Download” do steet, a net “AAC Download”, wat jo falsch wier.
Also Starbucks waar awer och schons bei denger läschter Visit do. Vielleicht gett et emol erem eng Kéier Zeit, dass de dohinner gees
Ech wollt eigentlech och een aanert Lidd huelen, hun awer direkt am PMN näischt fonnt, waat menger Meenung no gudd gepasst huet. Mee keng Suerg fir déi déiersten Haaptstaad vun der Welt hun ech schons e puer Lidder zesummen.
Also mam Final Cut oder mam iMovie ass et jo méiglech fir zesoen, dass hien déi ganz Szene sollt “emdréien”. Ceci dit wann vu riets no lenks gefilmt gouf, et vun lenks not riets zewéisen.
Zum iTunes: Dat wonnert mech. Well bei mir geet et am iTunes an am QuickTime ouni deen gerengsten Problem. Hues vielleicht nach eng “aal” Versioun.
An ech hun den iSquint guer net benotzt gehaat.
Merci