Schéin Feierdeeg!

December 24th, 2007

Ech wenschen allen mengen Nolauschterer schéin Chrëschtdeeg!

Als klengen “Cadeau” ass hei en Deel vun der beschter Chrëschtdaagsepisode vun enger TV Sendung, déi ech je gesinn hun (an dat net nemmen well den Josh Groban séngt ;) ). Hei ass awer den Deel, ewou hien d’Lidd “To Where You Are” séngt. Een deen schons eng Kéier enger Persoun huet missten fir emmer Äddi soen, wäert dat Lidd immens fannen!

# 13 – Chrëschtdag 2007!

December 23rd, 2007

Hei ass se dann elo d’Chrëschtdagsepisode vun Check daat!. An dëser Episode maachen ech Ierch op e Film opmierksam, ech ginn 1 direkten an 2 ondirekt Cadeau’en mat op de Wee. Ech erenneren awer och un den franzéischen Sänger Grégory Lemarchal, an soen Ierch ewéi Chrëschtdag an aaneren Länner geféiert gett.
Dëst ass déi längsten Podcastepisode op lëtzebuergesch mat iwwert 1 Stonn!

Musëk:
Podsafe Music Network
* FMG — It Came Upon A Midnight Clear
* Dokken — Santa Claus Is Coming To Town
* Charlie Crowe — O Holy Night (Guitar Inst.)
* Charlie Crowe — Little Drummer Dude
* Geoffrey C. Smith — My Own Merry Christmas
* Allison Crowe — Silent Night
* Jill Parr — O Come All Ye Faithful
* Podsafe for Peace — If Every Day Were Christmas
* Number One Fan — Christmas Is Here
* Bill deRome — Christmas! Of Course!
* Doug Boldt — Angels From The Realms Of Glory
* Little Thom — Have Yourself A Merry Little Christmas

Jamendo
* Giac Juan — Noël (les bûches chantent Noël)

# 12 – Josh Groban!

November 30th, 2007

D’Phenomäen “Josh Groban” gett an dëser Episod erkläert. Wéi huet seng Karrier ugefaangen an wéini hun d’Léit ugefaangen seng Musek zelauschteren. Deno gett nach e besschen grobesch geschwaat an nach vill méi…

Links:
Josh Groban Offiziell Homepage
Friends of Josh Groban
Josh Groban Fansäit (groussen “Media” Deel)
Lëtzebuergesch Josh Groban Wikipedia Säit
Francis (FrannoBaz) seng YouTube Säit

2.000 Downloads!

November 3rd, 2007

An der Nuecht vun geschter (2. November 07) op haut (3. November 07) ass et endlech geschidd! :) Et ass fir d’2.000ste Kéier eng Episode vun “Check daat!” erofgelueden ginn!

Ech soen heimatter allen Nolauschterer vun “Check daat!” an den “Pausen-News” en häerzlechen Merci an hoffen, dass der mir och an Zukunft trei wäert bléiwen. ;)

Pausen-News #8 (Oktober 2007)

October 31st, 2007

Déi drettläscht Pausen-News sinn do! Dëst Kéier ginn et Noorichten aus Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland, Groussbritannien an aus der Sportswelt.
Zumols d’Aussoen vun engem däitschen (baal) Kanzler sinn een vun den Highlights vun dëser Episode.

EDIT: OPGEPASST!!!

Et kennt bei dëser Episode zu audiotechneschen Problemer! D’Kommentarer vun deenen eenzelnen Léit kommen zimlesch lues eriwwer an no deenen Kommentaren kennt deen nächsten Jingle (an deen ass HAART!!!). W.e.g. dréit während den Kommentaren den Volume net all zehaart (zumols wann der Kopfhörer unhudd!).

Kopplabunz vum Minister Biltgen

October 30th, 2007

Fir d’éischt déi Jugendlechen mam 5611 ugréifen a schikanéieren an dann zu München dat hei…

# 11 – A Walk To Remember!

October 30th, 2007

Check daat! ass erem zereck aus der Summerpaus! Am Ufank gett dann e besschen en Bilan gezunn vun “1 Joër Check daat!” an dann gett schons dat éischt Thema an Ugreff geholl.

Musëk:
The Adam Woodall Band – Runaway (Podsafe Music)

Links:
A Walk To Remember (Buch)
A Walk To Remember (DVD)

Staffel Trailer

October 28th, 2007

Promo fir déi zweet Staffel

October 19th, 2007

D’Reklamm fir d’Reklamm… :)

Bis Enn dës Mounts!

Promo fir déi zweet Staffel

October 13th, 2007

(D’Lidd aus dësem Clip ass vun Right Said Fred an et heescht “Insatiable You”)