20.12.2007 vum Thierry
Et ass erem souwäit: Chrëschtdag steet firun der Dier, an dofir gett et wéi all Joers nees eng Episod vollgequetscht mat traditioneller a manner traditioneller Chrëschtdaagsmusék. Ausserdeem gett et ee Geschenktipp an ee neit Lidd vum Soulhood Projet.
#38 – The Golden Compass
12.12.2007 vum Thierry
Ech hunn en endlech gesinn. Dee Film op deen ech scho méintelaang gewart hunn: d’Verfilmung vum Philip Pullman sengem genialen Wierk Northern Lights. Fir dat mannst ze soen: ech sinn batter enttäuscht. Ech erklären wéi eng fantastesch Geschicht vun Hollywood vernicht gouf, firwat de Film net vill mam Buch ze dinn huet an iwwerhaapt näischt sou richteg stëmmt un deser Adaptatioun.
#37 – D’Islamisten sinn all Terroristen.
1.11.2007 vum Thierry
Wéi gudd d’Panikmache vum däitsche Staat momentan funktionéiert weist d’Geschicht vun enger jonker muslimescher Koppel, deenen hiert Haus an de Flitterwochen vun der Police emstallt gouf an natierlech och gestiermt – well si “orientalesch ausgesinn”. Ee riichterleche Bechloss ass fir esou eng Hausduerchsichung net noutwendeg, well se et net méi Hausduerchsichung nennen.
#36 – Chaosdeeg Lëtzebuerg
10.10.2007 vum Thierry
Eng verspéite Rentrée mat héichem Blutdrock. D’Bouneschlupp ass endlech an hierem ale Format zeréck, et kann een se elo och mam Windows Media Player lauschteren (oder net), et gett ee neie Podcast (nach net), d’Punker bréngen d’Polizisten aus dem ganze Land zur Verzweiflung, an den Handy schällt. E bësse chaotesch ass d’Bouneschlupp no laanger Paus endlech erem do!
#35 – 2084 (Deel 2): Big Brother City
3.09.2007 vum Thierry
London. Net nemmen d’Haaptstaat vun England an dem Vereenegte Kinnékräich, mee och déi am wahrscheinlech beschten iwwerwaachte Stad vun der Welt. Mee firwat ass déi Iwwerwachung gudd? Wat huet et fir Konsequenzen fir eng Gesellschaft wann all eenzele Bierger permanent iwwerwaacht gett? Wisou stéisst sech keen drun, dass permanent x Kameraen op e gericht sin an et fir d’Regierung een einfaches ass, exakt nozeweisen wou een e bestemmte Moment war? Den George Orwell hat Recht. En huet sech just em e puer Joër geirrt.
#34 – 2084 (Deel 1): Pädophilie 2.0
20.08.2007 vum Thierry
Mir liewen an enger Welt vu Social Networking Portaler. Déi jonk Generatioun stellt sech online duer, mat realem Numm, Fotoen, Adress an vill méi pikanten Detailer. Dass dat net nemmen vun de jeweilegen Firmen déi déi Websäiten bedreiwen kann ausgenotzt gin fir un Werbefirmen ze verkaafen ass deene mannste Leit bewosst – an souguer, dass domatter kennen détailléiert Profiler vun hierem Liewen erstallt gin verdrängen déi meescht, oder woussten et ni.
Krimineller ewéi Kannerschänner notzen des Medien scho längst aus fir sech potenziell Opferen ze sichen. Méi doriwwer an deser Episod vun der Bouneschlupp.
#33 – Mir mussen handelen.
23.07.2007 vum Thierry
Et ass leider nach emmer aktuell: d’Onvermiechtnis vun eisen Politiker sech dem Klimawandel konkret ze stellen. Een zynesche Bléck op dat wat bis elo alles (net) geschidd ass, gett et dofir an deser Episod.
#32 – Interview um Radio Ara
30.05.2007 vum Thierry
E Méindeg war ech an der Émissioun Crumble um Radio Ara fir iwwer déi nei Medien zu Lëtzebuerg – also Bloggen a Podcasten – ze schwätzen. Fir déi Leit, déi den Interview verpasst hun oder en eng zweete Kéier welle lauschteren, gett et en an deser Episod da nach eng Kéier.
#31 – Mir si Mandy.
12.05.2007 vum Thierry
D’Bouneschlupp ass no wochelaangen Essayen schreiwen an aneren onheemlech gudden Ausrieden erem do. An d’Mandy ass eraus. Firwat een als Lëtzebuerger trotzdeem soll op hatt stolz sin a firwat et net emmer muss direkt de Weltfridde sin fir eppes ze veränneren gett et an deser Episod.
#30 – Si sin onzertrennlech, den Alkohol a seng Uni…
23.03.2007 vum Thierry
De Cover vun der Bouneschlupp gouf no 2,5 Joëren endlech verbessert: dee lëtzebuergeschen Podcast heescht elo dee lëtzebuergesche Podcast – ouni “n” (dee vun Ufank u falsch war) an ass domat och grammatikalesch um neiste Stand ukomm. Ausserdeem hun ech mech schlussendlech dann awer dozou duerchgerongen, sämtlech al Folgen an de Feed matanzebannen – also d’Episoden 1 bis 9, déi virum Datebankzesummebroch veröffentlecht gi waren.
Ausserdeem stellen ech iech een opwähnegen däitsche Podcast fir an zielen e bëssen, wat et alles esou neies hei op der Uni gett.
1 | 2 | 3 | 4