Copyright

Falls Dir net mat desen Conditiounen averstaanen sidd, benotzt des Säit w.e.g. net. Den Inhalt vun naischtnotz.net ennerläit, souwäit net aanescht notéiert, dem Copyright (© 2003-2010) vum Thierry Heles (nofolgend als Webmaster bezeechent), Tom Heles oder Régis Moes (nofolgend als Auteuren bezeechent). All Rechter virbehaal. Copéiren, reproduzéiren, republizéiren (Print, Web oder op soss iergend eng Art), veränneren oder weidergin vum Material op naischtnotz.net ass ouni firausgehend schreftlech Erlaabnis vum Webmaster oder respektiven Auteur net erlaabt. Biller dierfen nemmen fir de private Gebrauch gedownloadt gin. Mam Benotzen vun desem Site erklärt Der Iech mat desen Conditiounen averstaanen.
De Webmaster behällt sech d'Recht vir, des Conditiounen zu all Moment kennen ze veränneren, an Dir erklärt Iech mam Benotzen vum Site domat averstaanen, a verpflicht Iech, des Notzungsconditiounen regelméisseg nozeliesen.
 

Verlinkt Säiten

naischnotz.net steet net onbedéngt a Verbindung mat Websäiten op déi vun naischtnotz.net aus verlinkt ass, respektiv vun deenen aus op naischtnotz.net gelinkt gett an kann net fir deenen hieren Inhalt verantwortlech gemaach gin. naischtnotz.net kann net den Inhalt vun sengen Partnersäiten kontrolléiren. Zum Zäitpunkt zu deem eng Partnerschaft mat enger anerer Websäit agaangen gin ass, gouf déi kontrolléiert an et waren op där Websäit keng illegal Inhalter. Falls sollt ee Link vun naischtnotz.net op eng Säit mat illegalen Inhalter sin, brauch nemmen eng E-Mail un de Webmaster geschéckt ze gin, an de Link gett illico ewech geholl.
 

Nichtegkeetsklausel

Sollt eng vun den uewen genannten Bestemmungen onwierksman sin, gett doduerch d'Wierksamkeet vun deenen aneren Bestemmungen net beréiert. Onwierksam Bestemmungen gin no Méiglechkeet duerch wierksam Bestemmungen ersat, déi den Zweck vun där aaler Bestemmung am beschten erfëllen. Sollt keng nei Bestemmung fonnt gin, déi net géint ee Gesetz verstéisst an déi där aaler Bestemmung net no kennt, sou trett dat gëllent lëtzebuergescht Gesetz a Kraft.